Saisine

D'Saisine vun der CAD

Eng natierlech oder juristesch Persoun, där hir Demande op Zougang zu engem Dokument vun engem vum Gesetz betraffenen Organismus refuséiert gouf, kann d’CAD schrëftlech, bannent engem Mount no der Receptioun vum Refus, erunzéien, fir d’Decisioun unzefechten.

D’Erunzéie vun der CAD ass fakultativ an domat keng noutwendeg Konditioun, fir e Recours en réformation virum Verwaltungsgeriicht géint déi negativ Decisioun vum Organismus anzereechen.

D’CAD muss bannent zwee Méint hiren Avis zu engem Refus ofginn.

Wann d’CAD der Meenung ass, datt dat betraffent Dokument kommunizéiert ka ginn, a wann de betraffenen Organismus där Aschätzung nokënnt, da muss den Organismus d’Dokument bannent engem Mount no der Receptioun vum Avis erausginn.

Wann d’CAD der Meenung ass, datt dat betraffent Dokument net kommunizéiert ka ginn, da muss de betraffenen Organismus säi Refus bannent engem Mount no der Receptioun vum Avis confirméieren.

D’CAD muss schrëftlech vum Demandeur erugezu ginn.

Dës Demarche kann iwwert d‘Portal MyGuichet.lu (Rubrik Citoyenneté - Accès à l’information - Saisine de la commission) oder per Post un d’CAD duerchgefouert ginn. (Kontakt)

Aktualiséiert