D'CAD

Hir Missiounen:

D'Kommissioun fir den Zougang zu Dokumenter (Commission d'accès aux documents - CAD) gouf duerch d'Gesetz vum 14. September 2018 iwwert eng transparent an oppen Administratioun an d'Liewe geruff.

Et ass eng onofhängeg, administrativ Instanz mat berodender Funktioun. Si ënnersteet dem Premier- a Staatsminister.

Laut Artikel 9 vum Gesetz ass si zoustänneg fir:

  1. sécherzestellen, datt d'Recht op Zougang zu Dokumenter dem Gesetz entspriechend respektéiert gëtt;
  2. Organismen, déi vum Recht op Zougang zu Dokumenter betraff sinn, bei Froen zur Applikatioun vum Gesetz ze beroden;
  3. e Joeresrapport erstellen.

D'CAD gëtt Avisen of, trëfft awer keng verbindlech Decisiounen. 

Hir Zesummesetzung:

D'CAD setzt sech aus 5 Memberen zesummen:

  • ee Magistrat, dee presidéiert;
  • ee Representant vum Premier- a Staatsminister;
  • ee Representant vun der Nationaler Dateschutzkommissioun (Commission nationale pour la protection des données – CNPD);
  • ee Representant vum Gemengesyndikat Syvicol;
  • ee Representant vum Informatiouns- a Pressedéngscht vun der Regierung (Service information et presse – SIP).

D'Membere an d'Supléant'en vun der CAD ginn an engem groussherzoglechen Arrêté genannt an hiert Mandat ass fir 4 Joer.

Aktualiséiert