Attributiounen

D'Kommissioun fir den Zougang zu Dokumenter (Commission d'accès aux documents - CAD) gouf duerch d'Gesetz vum 14. September 2018 iwwert eng transparent an oppen Administratioun an d'Liewe geruff.

Et ass eng onofhängeg, administrativ Instanz mat berodender Funktioun. Si ënnersteet dem Premierminister.

Laut Artikel 9 vum Gesetz ass si zoustänneg fir:

  1. sécherzestellen, datt d'Recht op Zougang zu Dokumenter dem Gesetz entspriechend respektéiert gëtt;
  2. Organismen, déi vum Recht op Zougang zu Dokumenter betraff sinn, bei Froen zur Applikatioun vum Gesetz ze beroden;
  3. e Joeresrapport erstellen.

D’CAD gëtt Avisen of, trëfft awer keng verbindlech Decisiounen. 

Hir Zesummesetzung:

D’CAD setzt sech aus 5 Memberen zesummen:

  • ee Magistrat, dee presidéiert;
  • ee Representant vum Premierminister;
  • ee Representant vun der Nationaler Dateschutzkommissioun (Commission nationale pour la protection des données – CNPD);
  • ee Representant vum Gemengesyndikat Syvicol;
  • ee Representant vum Informatiouns- a Pressedéngscht vun der Regierung (Service information et presse – SIP).

D'Membere an d'Supléant'en vun der CAD ginn an engem groussherzoglechen Arrêté genannt an hiert Mandat ass fir 4 Joer.

Aktualiséiert den